top of page

Comthurey Luccellenburg 1222-1242 n. Chr.

DSCF6130.JPG

E puer kléng Andréck iwwert ons Aarbecht...

Ufroe vu Muséeën oder ähnlechen Institutiounen, fir Ausstellungen déi thematesch passen, sinn ëmmer wëllkomm.

Living History (englesch fir „gelieft Geschicht“) nennt een Duerstellung vun historeschen Liewensweisen duerch Persounen, vun deenen Kleedung, Ausrëschtung a Gebrauchsgéigestänn, am Material a Stil méiglechst realistesch den duergestallten Epochen entspriechend, ëmgesat ginn.

 

Gegrënnt mam Ziel, geschichtsno ee klengen Deel vun den Däitsche Ritteren tëscht 1222-1242 n. Chr. aus Lëtzebuerg duerzestellen, d.h. dat mëttelalterlecht Liewen an den Alldag vum Uerden ze representéieren.

 

Ons Iddi vun der Compthurey Luccellenburg ass net déi vun engem Veräin oder vun engem Club, mee e puer vun ons bedreiwen dës Duerstellung als geschichtsbegeeschtert Eenzelpersounen. D’Comthurey Luccellenburg huet dowéinst och nëmmen indirekt eppes mat de Geschichtsfrënn St. Quirinus ze dinn, passt awer wonnerbar als ee weidert Puzzelstéck zu der Geschicht vum Däitschuerden an der Gräinskapell.

 

Mir wëllen ons och vum nach existéierenden Däitschen Uerden distanzéieren, well mir keng karitativ Aufgabe maachen, mee nëmmen un der historescher Duerstellung vun der Thematik interesséiert sinn. Et versteet sech dowéinst vu selwen, dass de Veräin keen Humpeclub, keng Fues.- oder Theatergrupp ka sinn, och wann esou munches theatralesch eriwwer kennt.

 

Mir orientéieren ons un Entdeckungen, iwwerliwwerten Texter an Handschrëften aus der deemoleger Zäit, wei och no wëssenschaftlechen Aarbechten a Fachliteratur. Onsen Usproch ass et, niewent dem historesch korrekten Optrieden, ons och verdéift mat dem historesche Kontext vun eiser Duerstellung ze befaassen. Fir dësem Usproch gerecht ze gi, verbessere mir ons Equipement ëmmer wieder.

Wann Dir ons ënnerstëtzen wëllt, kuckt w.e.gl. an der Rubrik Geschichtsfrënn. De Comité freet sech iwwert Är Ufro.

Die St. Q

Ancien Couvent des Soeurs Dominicaines

102A, Avenue Pasteur
L-2311 Luxembourg

info@stquirinus.lu

IBAN LU45 0019 5155 0657 2000
BCEELULL

  • Facebook - Grey Circle

Dir kënnt ons gären iwwert dësen
Formular kontaktéieren:

Ihre Angaben wurden erfolgreich versandt.

© Geschichtsfrenn St. Quirinus 2017
R.C.S. Luxembourg F11543

bottom of page