top of page

Eng Hielekierch zu Lëtzebuerg

D'Gräinskapell. Zeechnung vum Nicolas Liez. Gutt ze erkënnen ass de Zoustand virun der grousser Renovatioun vun 1884-1885. Den Tiermchen ass nach kleng a ronn, d'Fënster iwwert der Dir eckeg an den Ubau ass och nach do.

Wisou St. Quirinus?

Et gëtt erzielt d'Reliquie vum hellege Quirinus wären op hirer Rees em 1050 vu Roum op Neuss hei eng Nuecht bliwwen. Him zu éiere gouf d'Kapell esou benannt.

(D'Stankt Quirinuskapell heescht och d'Gräinskapell.)

Et ass déi beweegte Vergaangenheet vun där klenger Kapell, déi ons am Stater Gronn begéint. Et gouf Héichten an Déiften, et gouf Begeeschterung a Leed, jo Spott a vergiess gouf se och. Eng Raiberhiel soll si gewiergt sinn. Si huet Weltkricher iwwerstanen, kal Wanteren, Politiker an de Wandel vun der Zäit konnten hir näischt doen.

Zënter den ale Kelte gouf déi natierlech Hiel am Stater Gronn fir reliéis Zwecker benotzt. Gutt verstoppt, am decke Bësch vum Péitrussdall (de Numm kennt nach vun de Réimer), mat villen ale Geschichten, bei enger Bach an direkt bei enger Waasserquell. D’Figur vun der réimescher Gëttin Trivia an een ale keltesche Matressteen (haut de Kult em Dréijongfraefigur) solle schonns do gestanen hunn. D’Waasserquell war den Haaptgrond fir den éischten Heedekult, et war d’Hoffnung op ee Quellewonner. No der Christianiséierung am 10. Joerhonnert, ass dunn lues a lues, d’Hiel zur Kapell ëmgebaut ginn. Si gehéiert domat zu der eelste Kultstätt an der Stad. An der Hiel selwer ass nach eng Kaul an ee klenge Gruef ze erkenne – als Offloss fir d’Blutt.

De Kult em den hellege Quirinus koum, esou de Joseph Reuter, am 11. Joerhonnert op Lëtzebuerg. Am grousse ganze gouf vun de fréie Chrëschte versicht, al réimesch Gëtter ze verdrängen, an deem se déi mat chrëschtlechen Hellegen ersat hunn. Sou stinn der hei gläich dräi Stéck: den hellege Quirinus, den hellege Firminus an den hellege Ferreolus.

 

Am Mëttelalter gouf d'Gräinskapell ënnerhale vun den Däitschherreritter, déi zënter 1249 an der Tilleschgaass, bei der St. Ulrichspforte gewunnt hunn an och do hiert Hospiz haten. Ëm 1355 hu si déi gotesch Fassad gebaut, déi haut nach erhalen ass. Si soll un d'hellegt Graf zu Jerusalem erënneren, déi vun dëser Zäit un vun de Musulmanen zeréck eruewert gouf an net méi esou einfach zougänglech war. Vun hinne staamt och d'Däitschhärekräiz, dat iwwer d’Paart agemeesselt gouf an haut bal net méi ze erkennen ass. Riets dovun ass den oppene Priedegtstull ze gesinn, deen et esou an där Form just nach zweemol gëtt: zu Oxford a St. Loo (Normandie).

Den Daach an de Klackentuerm goufen 1884-1885 vum Stater Architekt Charles Arendt ëmgebaut. Bis 1884 war dësen Tiermchen niddreg a ronn. Ënnert dem Klackentuerm waren nach Spuere vun enger aler Freskemolerei, enger Kräizegungszeen, ze erkennen. Och war nach baussen an der Mauer eng al Schrëft Anno Domini 1355 ac Innocentio sexto agravéiert. Se goufe leider deemools net mat renovéiert a sinn haut net méi ze erkennen. Donieft ass d’Kräiz vum Däitschen Uerden iwwert der Dir, beim Ëmbau vun de klenge Fënsteren 1884, geopfert ginn – den ieweschten Deel vum Kräiz feelt.

Bannent der Kapell ass eng duebel Hiel, eng kleng Sakristei an eng Nisch mam Altor. D’Original-Figuren aus der Kapell stinn haut am Staatsmusée. Am Tiermchen ass eng kleng Klack, déi 1770 vum Lëtzebuerger Henricus Eisenbach aus der Stad gegoss gouf. Op dëser steet: Henricus Eisenbach me fecit Luxemburgi anno Domini 1770. Nach bis an 20er Jore vum leschte Joerhonnert stoungen d'Wunnhaiser vum Péitrussdall bis bei d‘Kapell. De Staatscheffe Professer Lucien König huet nom Krich 1939-1945, d’Kapell renovéiert an déi Haiser ofrappe gelooss. Bekannt och als Siggy vu Lëtzebuerg, ass d‘Lidd mam Titel Sankt Greinslied, zu Éieren vun der Kapell an dem hellege Quirinus, vun him geschriwwe ginn.

Den hellege Quirinus war zënter dem 11. Joerhonnert de Patréiner vun der Festung, zanter 1455 och vun der Stad Lëtzebuerg. 1666 gouf en an där Funktioun vun de Jesuitten duerch d'Tréischterin am Leed ersat.

Um Fouss vun der Kapell ass de Quirinus-Bur, oder Gräinsbur, vun deem sengem Waasser fréier gesot gouf et kéint bei Krankheeten déi vun Hautausschlag begleet sinn, gebraucht ginn. Kuerz no Ouschtere, gouf op der klenger Plaz virun der Kapell an op der Ulrichstrooss ëmmer eng Gräinskiermes gehale, wou de Gräinsbur nei geseent gouf - an ze iesse gouf et traditionell gereechert Kiermesham an de Gräinsflueden, oder och Aerfliedche genannt. Eng al Seech erzielt och, datt bei engem Krich, d'Reliquie vun den Hellegen am Pëtz verstoppt goufen. Zënter hier soll d'Waasser net méi verdierflech gewiescht sinn.

Als éischt gouf d'Quell beim Alexander Wiltheim, 1655 ernimmt. Bei enger chemescher Analys am Joer 1900 vum Charles Arendt, gouf vum Chimiesprofesser E. d‘Huart festgestallt, datt d’Waasser rengt frëscht Quellewaasser wier.

Haut steet d’Gräinskapell an de Gräinsbur ënner UNESCO a nationalem Denkmalschutz. Patron ass d'Stad Lëtzebuerg.

Informatiounsvideo:

This channel is coming soon!

D'Kapell am aktuellen Zoustand:

(25.05.2018)

Wann Dir ons ënnerstëtzen wëllt, kuckt w.e.gl. an der Rubrik Geschichtsfrënn. De Comité freet sech iwwert Är Ufro.

Die St. Q

Ancien Couvent des Soeurs Dominicaines

102A, Avenue Pasteur
L-2311 Luxembourg

info@stquirinus.lu

IBAN LU45 0019 5155 0657 2000
BCEELULL

  • Facebook - Grey Circle

Dir kënnt ons gären iwwert dësen
Formular kontaktéieren:

Ihre Angaben wurden erfolgreich versandt.

© Geschichtsfrenn St. Quirinus 2017
R.C.S. Luxembourg F11543

bottom of page