top of page

Wat mir maache 

„Nëmmen wien d'Vergaangenheet kennt, huet eng Zukunft“

Wilhelm von Humbold, 1767-1835

D'Geschichtsfrënn St. Quirinus a.s.b.l. ass ee Veräin ouni Gewënnzwecker, deen haaptsächlech aus jonken a motivéierte Membere besteet.

 

2017 gouf, mam Accord vun der Stad Lëtzebuerg, decidéiert eng ASBL ze grënnen, déi sech zum Ziel gesat huet sech em dëst fréichrëschtlecht Hellegtum ze bekëmmeren. Mir wëlle gären d’Erënnerung an d’Geschicht, vun der Gräinskapell an dem Quirinus-Bur erëm lieweg maachen an dëst architektonescht Ierwe, mat Hëllef vun Experten, opbauen.

Donierft organiséiere mir och Visitten an Evenementer.

Den UNESCO-Spazéierwee als PDF
fir erof zelueden:

Deutsch, Français

AUDIO-GUIDE

Fir déi divers Projeten schaffe mir zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, der UNESCO, mam Bistum, mam Service des sites et monuments, mam Centre National de Recherche Archéologique, mam Service bâtiments, mam Staatsmusée, dem National Archiv, der National Bibliothéik, wéi och mat den Awunner vum Stater Gronn.

Merci onsen Ënnerstëtzer:

GOUV_MCULT_Centre_national_de_recherche_

Wann Dir d'Geschichtsfrënn St. Quirinus a.s.b.l. och ënnerstëtze wëllt, op als Aktive Member oder mat engem Don, kontaktéiert einfach onse Comité. Fir sech als Aktive Member unzemellen, fëllt w.e.g. dee Formulaire am Annex aus a schéckt dee per Mail oder per Post un "Ancien Couvent des Soeurs Dominicaines, Manuel Quaino, 102 A, Avenue Pasteur L-2311 Luxembourg". De Comité wäert sech dann esou séier wei Méiglech bei Iech mellen.

 

Coordonnées bancaires:

 

Geschichtsfrënn St. Quirinus a.s.b.l.

IBAN Lu45 0019 5155 0657 2000

BCEELULL

 

PDF: DEMANDE DE RECEVABILITE DE DON (Minimum: 75 Euro)

PDF: Demande fir Member ze ginn 

De Beitrag fir een Aktiven Member lait bei 75 Euro/Joer. Mir schécken Iech bei Accord är Memberskaart mat der Post heem. 

De Comité leet de Membersbeitrag all Joers fest.

De Comité

DSCF6096.JPG

Jeff WILTZIUS

President

Manuel QUAINO

Sekretär

Sandra MARINILLI

Trésorier

CLuccellenburg.png

Wann Dir ons ënnerstëtzen wëllt, kuckt w.e.gl. an der Rubrik Geschichtsfrënn. De Comité freet sech iwwert Är Ufro.

Die St. Q

Ancien Couvent des Soeurs Dominicaines

102A, Avenue Pasteur
L-2311 Luxembourg

info@stquirinus.lu

IBAN LU45 0019 5155 0657 2000
BCEELULL

  • Facebook - Grey Circle

Dir kënnt ons gären iwwert dësen
Formular kontaktéieren:

Ihre Angaben wurden erfolgreich versandt.

© Geschichtsfrenn St. Quirinus 2017
R.C.S. Luxembourg F11543

bottom of page