
Wat ass d'Gräinskapell?

D'St. Quirinuskapell, oder Gräinskapell, ass eng kleng Kapell am Zentrum vum Stater Gronn.
Als "bal" geséchert gëllt, datt dës Plaz schonns vun de Kelte fir heednesch Masse benotzt gouf. D'Gräinskapell gouf ënnerhale vun den Däitschritter, déi 1221 an der Stad Lëtzebuerg, an zënter 1249 an der Tilleschgaass gewunnt haten an do och een Hospiz bedriwwen hunn.
Ëm 1355 hunn si déi gotesch Fassad vun der Kapell gebaut, déi haut nach erhalen ass. Vun hinne staamt och d'Däitschhärekräiz, dat iwwert der Paart agemeesselt ass. Riets dovun ass den oppene Priedegtstull ze gesinn.
Bannent der Kapell ass eng duebel Hiel, eng kleng Sakristei an eng Nisch mam klengen Altor aus Steen.
Dir kennt St. Quirinuskapell gäre besichtegen:
Et ass natierlech méiglech d’Kapell ze besichtegen. Dir fannt se am Stater Gronn, net wäit ewech vum Mini-Golf. Wann Dir interesséiert sidd eng Visite bannent der Kapell ze maachen, da kontaktéiert w.e.gl. d’Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg oder onse Comité.
Adress:
rue St. Quirin
L-2381 Luxembourg
Wann Dir onse Projet wëllt gären ënnerstëtzen, elo finanziell oder fir eng Hand mat unzepaken, da kuckt ënnert onser Rubrik "Geschichtsfrënn". Sollt Dir nach weider Froen hunn, zeckt net onse Comité ze kontaktéieren.

Iwwert Ons
Mam Accord vun der Stad Lëtzebuerg gouf 2017 decidéiert eng ASBL ze grënnen, dei zum Ziel huet, sech em dëst fréichrëschtlecht Hellegtum ze bekëmmeren. D’Geschichtsfrënn St. Quirinus wëllen dofir suergen datt d’Gräinskapell, de Quirinus-Bur an den Däitschherrenuerden als historesch Vergaangenheet, net an de Vergiess geroden.

Den Däitschherrenuerden an der Stad
Déi éischt Quellen erzielen dass den Däitschherrenuerden zënter dem fréie Mëttelalter an der Stad Lëtzebuerg een Hospital bedriwwen huet. Walram, de Grof vu Lëtzebuerg huet hinnen 1221 erlaabt sech hei néierzeloossen. Dëst Hospital - dat éischt an der Stad, an dat zweet zu Lëtzebuerg (no Iechternach) - war fir jiddereen, ob Händler, Stater oder Strummert. Spéitstens ab 1249 krut et den Numm St. Elisabeth (lat.: hospitali sancte Elisabeth). Nach haut erënnert de Numm "Däitschkaul" an der Tilleschgaass am Stater Gronn un dës Geschicht ...